Educateur diplômé (h/f/x) - 40 St/Woch - CDI (Foyer Paikia)

Caritas Jeunes & Familles
Arbeitsort: L-4031 Esch-sur-Alzette
Stellenart: Festanstellung Vollzeit
Kategorie: Sozialpädagoge

Zurück

Caritas Jeunes et Familles ass eng Associatioun, déi schon zanter méi wéi 35 Joer besteet a bal 700 Mataarbechter huet.

Eis Missioun ass, d'Zukunft vun Äre Jonken a Kanner zesummen ze bauen. Mir si Member vun der Bientraitance a.s.b.l. Dat heescht, datt eis Handlungen, Projeten a berufflech Haltungen Deel vun enger Kultur an engem Ëmfeld sinn, wou Solidaritéit a Bienveillance hier Platz hun.

Eis Mataarbechter schaffen all Dag am Kanner-, Jugend- a Familljesecteur, fir d‘Beneficiairen an hirem Liewen z'ënnerstëtzen, egal wéi eng Bedierfnisser se hunn oder wéi e Wee se huelen.

 

Fir eis Ekippen ze verstäerken, siche mir eisen zukünftege motivéierte Mataarbechter.


RESPONSABILITÉITEN

 

Wann Du an eiser Associatioun schaffe kënns, hëllefs du net nëmmen an der Integratioun, Inclusioun an der Entwécklung vun de Kanner an eisem Liewensgrupp deel, mä du hues och d'Méiglechkeet, pedagogesch Projeten mat ze gestalten.


Deng Haaptaufgaben sinn :

 

-Aktiv Partizipatioun um Alldagsliewen am Foyer ;

-Individuellen a familiäre Suivi vun de Kanner aus dem Foyer ;

-Aktiv Zesummenaarbecht mat de Memberen aus der Equipe an den externe Professionellen zum Wuel vun de Kanner ;

-Jonker an hirem Alldag iwwerwaachen, guidéieren an ënnerstëtzen andeems se hir kierperlech a geeschteg Entwécklung garantéieren ;

-Regelméisseg berufflechen Austausch mam pädagogeschen, juristeschen, schouleschen, edukativen, medezineschen an therapeutesche Reseau, an deem de jonke Mënsch sech entwéckelt ;

-Dokumentatioun vun der Betreiung am Aklang mat dem reglementaresche Kader, dee vun den Autoritéiten wéi och vum Patron virgeschriwwen ass ;

-Entwéckelen pädagogesch Projeten.


NÉIDEG KOMPETENZEN

 

Du hues / bass :

 

- Bestätegt Beruffserfahrung an enger ähnlecher Aarbecht ;

- Wëssen iwwer d'Lëtzebuerger Gesetzer (Kannerbetreiung) an d'Aarbecht vum Office National de l'Enfance ;

- Training oder Wëssen an enger SOP Approche ;

- e Gefill vu Verantwortung a Service ;

- Fäegkeet onofhängeg an an engem Team ze schaffen ;

- Flexibilitéit an der Aarbechtszäit ;

 

Du hues / bass awer och :


- E sozio-pädagogeschen Diplom oder eng Equivalenz unerkannt vum Grand-Duché de Luxembourg ;

- Eng Autorisation d’exercer, ausgestallt vum Educatiounsministère ;

- Fléissend Kenntnisser an op d'mannst zwou vun den dräi offizielle Sproochen :

  • Lëtzebuergesch (Mindestniveau B1.2),
  • Franséisch,
  • Däitsch,

- E gültegen Éischt-Hëllefs-Cours-Certificat (manner al wéi 5 Joer) ,

- De B-Führerschäin.

 

MIR BIDDEN :


- Eng mutlidisziplinär, motivéiert an engagéiert Ekipp ;

- E wuelwëllend, professionnellt an agreabelt Aarbechtsëmfeld ;

- D'Méiglechkeet, dech kreativ ze entafalen ;

- Weiderbildungen, ugepasst un deng berufflech Entwécklung ;

- En onbegrenzten Kontrakt (CDI) ;

- Bezuelung nom aktuelle Kollektivvertrag CCT-SAS vum soziale secteur (maximal Carrière C4) ;

- Eng direkt Astellung oder no Ofsprooch.


En Extrait vum Casier judiciaire Nummer 3, 4 a 5 gëtt am Fall vun enger Astellung gefrot.

 

Bass Du interesséiert, e positiven Impakt op eis jonk Gesellschaft ze hunn ? Wëlls du mat enger motivéierter a engagéierter Ekipp schaffen an all Dag zur Entwécklung vu jonke Leit a Kanner bäidroen? Wa jo, freeë mir eis schon op deng Kandidatur ! :)


Fir méi Informatiounen iwwer eis Aktivitéit, besicht eis Websäit : cjf.lu


Les informations recueillies font l’objet d’un traitement destiné à permettre à Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l. la gestion de la demande qu’elle reçoit. Elles sont destinées aux membres et aux services de Caritas Jeunes et Familles a.s.b.l. conformément au règlement (UE) 2016/679 du Parlement européen et du Conseil relatif à la protection des données à caractère personnel (RGPD)

Zurück

Rue Zenon Bernard51
L-4031 Esch-sur-Alzette
Ihr Ansprechpartner
Service RH
Telefon +352 265653-1

Zurück