Educateur à Olm, m/f, CDI

Autisme Luxembourg
Arbeitsort: L-8297 Olm
Stellenart: Festanstellung Teilzeit Vollzeit
Kategorie: Sozialpädagoge

Zurück

Autisme Luxembourg asbl sicht:

Fir eis néi Wunnstruktur an der Cité Elmen zu Olm/Capellen,:

Educateur (m/w), CDI, Voll- oder Deelzäit

Mir bidden Iech :

- E Gehalt konform zu der gesichter Qualifikatioun an dem lëtzebuergeschem Kollektivvertrag fir de Gesondheets- a Sozialsecteur.
- Eng Aarbecht an engem multidisziplinären Team, wou jiddwereen seng Fachkompetenz matbréngt, fir Léit mat Autismus beschtméiglech ze fërderen an ze begleeden.
- Eng Astellung bei enger Asbl, déi vun hire Mataarbechter eng qualitativ héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung erwaart.
- Deel ze si vun enger dynamescher Asbl, der et wichteg ass, sech ëmmer weider ze entwéckelen, fir esou Mënsche mat Autismus, mee awer och den eegene Mataarbechter ëmmer néi Méiglechkeeten op ze maachen.

Interesséiert ? Da wär déi éischt Viraussetzung schonns erfëllt !

Dir hutt déi néideg fachlech Kompetenzen ?
Iech ass eng héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung wichteg ?
Dir sidd weltoppen a verantwortungsbewosst ?
Dir wierkt gäre positiv op Är Matmënschen (an dësem Fall: betreite Persounen, Mataarbechter an Direktioun) ?
Dir kënnt Iech méiglechst op lëtzebuergesch, däitsch a franséisch verstännegen ?

Dir hutt bei alle Froe mat Jo geäntwert? Da steet Ärer Kandidatur näischt méi am Wee !

Mir freeën eis, Är Kandidatur bis zum 15. Februar 2025 u follgend Adress ze kréien :

„Autisme Luxembourg asbl, 1 Jos Seyler Strooss, L-8522 Biekerech“ oder iwwert Email un [email protected]

 

 

Zurück

Autisme Luxembourg asbl
5, Groussgaass, Cité Elmen
L-8297 Olm
Ihr Ansprechpartner
Marc De Geest
Telefon +352 266 233 1

Zurück

Online bewerben

Bitte addieren Sie 7 und 6.

Zurück

Zum Seitenanfang springen
Bewerben