E Mataarbechter (m/w/d) - CDI - 40 Stonnen/Woch

Ligue HMC
Arbeitsort: Capellen
Stellenart: Vollzeit
Kategorie: Andere Jobs
Chiffre: Réf.: ST 11/2024

Zurück

Mir sichen fir an eisem Service Technique zu Capellen

E Mataarbechter (m/w/d)

(Réf. : ST 11/2024)

CDI, 40 Stonnen/Woch, CCT-SAS

Är Missioun:

·         Dir sidd zoustänneg fir den Ënnerhalt vun den verschiddenen Gebaier vun der Ligue HMC (ateliers protégés, foyers d’hébergement, Day Center,…) op verschidden Siten.

·         Dir sidd a Kontakt mat den Handwierksbetriber an de Fournisseuren.

·         Dir assuréiert den Suivi vum Entretien an vun der Maintenance vun de Gebailechkeeten, den techneschen, elektreschen, sanitären Installatiounen an den Alentouren.

·         Dir kënnt technesch Pläng liesen.

·         Dir assuréiert di administrativ Gestioun vun den techneschen Interventiounen,

·         Dir maacht verschidden deeglech Handwierksaarbechten, Renovatiounen oder kléng Reparaturen.

·         Dir berot Direktioun.

·         Dir bedeelegt Iech un der Organisatioun an Virbereedung vun verschiddenen Aktivitéiten am Haus (Saisonal Dekoratioun, Fester a Manifestatiounen…).

·         Dir schafft mat un neien techneschen Projeten.

 

Äre Profil:

·         Dir hutt e Führerschäin Klass B

·         Dir hutt een CATP/DAP an engem Handwierksberuff

·         Dir sidd bereet Permanence ze maachen

·         Beruffserfarung am soziale Secteur, eng zertifiéiert Weiderbildung als Sécherheet-beoptraagten an den Stapler-Führerschäin si vun Virdeel

·         Dir hutt gutt Kenntnisser a Fäegkeeten an diversen techneschen an handwierklechen Beräicher (Elektresch, Sanitär, Heizung, …)

·         Dir beherrscht déi 3 Landessproochen (L/D/F), woubäi Lëtzebuergesch eng Viraussetzung ass

·         Dir hutt gutt Computerkenntnisser (MS-Office)

·         Dir sidd zouverlässeg, diskret, flexibel, disponibel, dynamesch, organiséiert

·         Dir hutt kommunikativ Fäegkeeten an Teamgeescht

·         Dir schafft gären am noen Kontakt zu Bewunner a Mataarbechter aus de verschiddensten Beruffsgruppen an Dir sidd bereet Iech fir d’Mënschen ze engagéieren

 

Fir weider Informatiounen, mellt Iech wärend den Büroszäiten (09.00-16.30 Auer) um 30 92 32 286.

Eng éischt Auswiel gëtt op Basis vum Dossier gemaach. Am Fall vun enger Astellung gëtt en Extrait aus dem Casier judiciaire gefrot.

D’Kandidature (Motivatiounsbréif, Curriculum Vitae, Diplomer) kënne bis spéitstens den 07.12.2024 geschéckt ginn un:

 

Ligue HMC asbl

Direction

B.P. 49

L-8301 Capellen

Oder

[email protected]

Zurück

82, route d' Arlon
L-8311 Capellen
Ihr Ansprechpartner
Service Ressources Humaines

Zurück

Online bewerben

Bitte rechnen Sie 8 plus 8.

Zurück