De Parc Merveilleux ass en Déieren- a Fräizäitpark zu Beetebuerg, nëmme 5 km vun der franséischer Grenz ewech. Et ass deen eenzegen Zoo zu Lëtzebuerg a kann sech op eng laang Traditioun beruffen. Gegrënnt am Joer 1956 op enger Gesamtfläch vu 25 Hektar, bitt de Parc Raum fir ronn 200 verschidden Déierenaarten, mat insgesamt ongeféier 3750 Déieren. De Parc ass järlech vum Fréijoer bis den Hierscht op a gëtt an dëser Zäit vu bal 300.000 Visiteure besicht.
Als AIP (Atelier d'Inclusion Professionnelle), déi vun der APEMH geréiert ginn, bidde mir eng interessant a variéiert Aarbecht zesumme mat Leit mat intellektuelle Beanträchtegungen.
Fir eist Team ze verstäerken, siche mir teamfäeg an engagéiert Persoune fir dës speziell Aufgab als diploméierten Déierefleeger (w/m/x) – CDI - 40 Stonnen/Woch – ab direkt oder no Ofsprooch.
Är Haaptaufgabe sinn:
Versuergung a Fidderung vun allen Déieren am Park.
Botzen, Fleeg a Gestaltung vun den Déierengeheeger souwéi den Ënnerhalt vun den Equipementer.
Iwwerwaachung vun der Gesondheet vun den Déieren an Ënnerstëtzung bei veterinäre Behandlungen.
Aktiv Zesummenaarbecht mat eiser Zoo-Schoul.
Ënnerstëtzung a Begleedung vu Leit mat intellektuelle Beanträchtegungen am Alldag.
D'Viraussetzunge fir eng Bewerbung sinn:
Eng Ausbildung als Déierefleeger.
Onofhängegt a verantwortungsvollt Schaffen.
Bereetschaft Weekends a Feierdeeg ze schaffen.
Teamfäegkeet an organisatoresch Talenter am Alldag hunn.
Besëtz vun engem Führerschäi Klass B.
Erfarung am Beräich Aquaristik ass ee Virdeel.
Kenntnisser op d'mannst an der lëtzebuergescher oder däitscher Sprooch, Méisproochegkeet ass e Virdeel.
Wat mir bidden:
Eng onbefrist Aarbechtsplaz mat enger lëtzebuergescher Pai (CCT-SAS-Kollektivvertrag).