De Jugendbureau Éislek setzt sech fir gelieft Participatioun an aktiv Matbestëmmung vu Jonker an hirer Gemeng an. Fir d’Plangen an Ëmsetze vu Projete stellt COOPERATIONS Asbl an:
Collaborateur de projets (M/F/D)
Bachelor/CDI 40h
Missioun:
· Organisatioun an Duerchféierung vu participative Projete mat Jonken
· Konzeptaarbecht mam Schwéierpunkt politesch Bildung an Demokratiebildung fir Jonker
· Weiderféierung an -entwéckelung vun der Zesummenaarbecht mat Schoulen, Gemengen an anere Partner
· Presentatioun a Vertrieden vun eisem Konzept viru Stakeholder
· Konzeptioun a Moderatioun vu Formatiounen fir Jonker an Erwuessener
Profil:
· Interessi fir politesch Bildung a Jugendkultur
· Kommunikatiouns- an Organisatiounskompetenz
· Opbau vun neie Beräicher wéi z.B. opsichent Jugendaarbecht
· Flexibilitéit an Teamfäegkeet
· Universitéitsdiplom am sozioedukativen oder politesche Beräich
· Gutt PC Kenntnisser (MS Office, Adobe, Canva ...)
· Führerschäi B
Mir bidden iech:
· Deel vun engem engagéierte Betrib ze sinn, deen eng innovativ a participativ Kultur fërdert
· Eng autonom a variéiert Aarbecht
· Salaire a Konditioune vum CCT SAS (Carrière C6)
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande mat Motivatiounsbréif, Liewenslaf a Kopie vum Diplom bis spéitstens de 07.10.2024 un: [email protected]
https://cooperations.lu/de/news