Assistant de direction (m/w/d) 20h/Woch CDD

Lënster Päiperlék
Arbeitsort: 6140 Junglinster
Stellenart: Befristeter Arbeitsvertrag Teilzeit
Kategorie: Administration/Sekretariat Finanzen/Rechstwesen Verwaltung/Führung/Personalwesen
Chiffre: RH-ADM-20/CDD/2024-01

Zurück

D’Lënster Päiperlék asbl sicht:

Fir hir Administration centrale (20, Rue du Village L-6140 Junglinster)

 

1 assistant de direction (m/w/d) 20h/Woch CDD

(Ref.: RH-ADM-20/CDD/2024-01)

Dëse Posten ass ab dem 15. Juli 2024 oder no Ofsprooch ze besetzen, bis virraussichtlech den 31. Juli 2025. D’Carrière gëtt unhand vum Profil bestëmmt.

 

Profil :

Dir sicht eng éischt Beruffserfarung am Secteur oder wëllt Är Erfarungen a Kenntnisser verdéiwen

Dir sidd diskret, proactiv, autonom an hutt Humor

Dir sidd bereet iech an nei Matièren eranzeschaffen

Dir sidd teamfäheg a flexibel an Ären Aarbechtszäiten

Dir sidd bereet Responsabilitéit an Eegeverantwortung anzegoen

 

Ufuerderungen:

Dir hutt een Diplôme am Beräich Administratioun, Secrétariat, Assistance de direction oder équivalent.

Dir kënnt gutt mat Excel a Word schaffen

Dir sidd verhandlungs- a schréiwsecher an alle gängeschen Sproochen

Dir sidd stressresistent a flichtbewosst

Dir schafft gär mat Zuelen an hutt Kenntnisser an der Comptabilitéit

Kenntnisser am Aarbechtsrecht a vum SAS Kollektivvertrag si vu Virdeel

 

Aufgabenberäich:

Dir ënnerstëtzt den aktuelle Chargé d’Administration a sengen Tâche wärend dem Congé parental an Hallefzäit. Zu ären Aufgaben gehéieren:

 

Schrëftverkéier mat internen an externen Instanzen

Monitoring vu Budgeten, Personalplanung a Projeten

Participatioun bei verschiddenen Aufgaben am Recrutements-Prozess

Participatioun un diverse Versammlungen a Réuniounen

Gestioun vun de Mail-Adressen a Mail-Verdeeler

Uspriechpartner fir d’Direktioune vun de verschiddenen Haiser

 

Déi genau Tâche sinn zesumme mam Chargé d’Administration ze bestëmmen.

 

Mir bidden:

Eng Astellung ënnert dem SAS – Kollektivvertrag

Zesummenaarbecht mat enger dynamescher administrativer Ekipp

Gutt Weiderbildungskonditiounen

Ee multidisziplinäert Aarbechtsfeld

 

All Demande mat Motivatiounsschréiwes an engem CV sinn bis den 31. Mee 2024 anzeschécken.

Mat Ärem Dossier gëtt eng Pré-Selektioun gemaach. Bei enger Astellung gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefroot.

 

Adresséiert Är Demande (mat Referenz) un:

Lënster Päiperlék a.s.b.l. - M. Ben SCHEIDEN

20, Rue du Village

L- 6140 Junglinster

TEL.: 26 78 26 67

Email : [email protected]

 

Zurück

Lënster Päiperlék asbl - Administration centrale
20, Rue du Village
6140 Junglinster
Ihr Ansprechpartner
Ben Scheiden

Zurück

Online bewerben

Bitte addieren Sie 2 und 8.

Zurück