Är Aufgaben:
* Dag- an Nuechtbetreiung vu Kanner am Alter tëscht 0 a 4 Joer an de Wunngruppen um Houwald an zu Aassel
* Individuell Entwécklungsförderung vun de Kanner
* Altersspezifesch Eenzel- oder Gruppenaktivitéiten
* Gestaltung an Emsetzung vun engem individuelle pädagogesche Projet
* Zesummenaarbecht mat Elteren a Familljen
* Zesummenaarbecht mat anere Professionellen
* Erstelle vu Berichter an Dokumentatioun
Äre Profil:
* Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Aide-soignant (m/w/d)
* Berufflech Erfahrung am Beräich vun der Kanner- a Familljenhëllef ass vu Virdeel
* Weiderbildungen am Beräich vun der Kanner- a Familljenhëllef si vu Virdeel
* Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
* Fréih-, Spéit- an Nuetsschichte schaffe kënnen
* Déi 3 Landessproochen (L/D/F) beherrschen
* Empathie a Versteesdemech fir d'Situatioun vu de Kanner an hiren Familljen
* Veräntwertungsbewosstsinn
* Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeveräntwertung an Dynamismus
* Teamfähegkeet, Kooperatiounsfähegkeet a Flexibilitéit
* Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaft
Mir bidden:
* Eng villfälteg an ofwiesslungsräich Aarbecht
* Een dynamescht Aarbechtsemfeld
* 20-40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
* Dës Plazen falen ënnert den SAS-Kollektivvertrag
Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn
* Casier judiciaire no 4 a 5
* Droit d'exercer
* Führerschäin Klass B
* Eischt Hëllefscour
Delai fir d'Kandidatur: 20.2.2025
Wann et fir Iech selbstverständlech ass, Kanner a Jonker ze betreien a mat hinnen zesummen di Zäit bei eis kreativ mat ze gestalten, da schéckt ons Är Kandidatur online eran.
(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)