Aide-Educateur (w/m/x) - SEAI Kokopelli an Topolino

APEMH
Arbeitsort: . Bettembourg ou Differdange
Stellenart: Befristeter Arbeitsvertrag Vollzeit
Kategorie: Sozialpädagoge

Zurück

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir hir Servicer d'Education et d'Accueil Inclusif "Kokopelli" zu Beetebuerg oder "Topolino" zu Déifferdeng, Aide-Educateur (w/m/x) fir CDI - 20 Stonnen/Woch- fir direkt oder no Ofsprooch.


Wann de Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.


Responsabilitéiten

Déi inklusiv Educatiouns- an Betreiungsservicer Kokopelli an Topolino, hun als Missioun déi non formal Bildung vun 78 Kanner am Alter vun 2 Méint bis 4 Joer ze garantéieren. D’Ziel ass et Inklusioun am Alldag ze liewen; zesummen mat den Elteren an engem pluridisziplinären Team.

Als Member vun eisem multidisziplinären Team, wäert Dir fir déi sozialpädagogesch Betreiung vun den Kanner responsabel sinn.

Dir huelt un der Betreiung an Orientéierung vun den Elteren deel.

 

Sollten Iech dës Missiounen zousoen, lueden mir Iech an ze postuléieren an Deel vun eiser pluridisziplinärer, dynamescher an motivéierter Ékipp ze gin!

 

Obligatoresch Ufuerderungen

  • Beruffserfahrung hunn
  • Sënn vu Verantwortung hunn, fir en optimalen professionellen Encadrement vu Kanner ze garantéieren
  • Iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • Eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
  • Staarken Teamgeescht hunn
  • Déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen 
  • De Führerschäin Klass B hunn


Mir bidden

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vu Kanner.

Zurück

..
. Bettembourg ou Differdange
Ihr Ansprechpartner
Audrey Grebil
Telefon +352 37 91 91-1

Zurück