Aide-cuisinier (M/W/NB) - Maison Relais Rouspert/Mompech

Arcus
Arbeitsort: L- 6582 Rosport-Mompach
Stellenart: Befristeter Arbeitsvertrag Teilzeit
Kategorie: Andere Jobs Resto & Cafeteria

Zurück

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à l’enfance an de Services d’éducation et d’accueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir d'Kompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kenne ginn. Sie bitt en kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter en stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.


Als Ekippemember vun der Kichen an der Maison Relais Rouspert/Mompech, bass du ee wichtegen Deel fir d‘Garantéiere vun engem ausgeglachene Mëttesiessen a klenge Molzechten an der Nomëttesstonn fir 280 Kanner. Als Kichenhëllef bass du fir den Transport vum Iessen op verschiddene Sitten, d'Opstelle vum Buffet, d‘Spullaarbechten an dem Entretien vum Kichenekipement zoustänneg.


Mir siche fir d’Kichen an der Maison Relais Rouspert/Mompech en Aide-cuisinier (M/W/NB) - 17 Stonnen/Woch, CDD (2 Joer)


Obligatoresch Ufuerderungen

  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom

  • Du hues d'HACCP Formatioun

  • Du hues eng Bereetschaft fir kierperlechusprochsvoll Tätegkeeten

  • Du hues ee Fürerschäin Klass B

  • Du hues eng selbststänneg a verantwortungsbewosst Aarbechtsweis

  • Du bass teamfäeg

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch schwätzen

Mir bidden

  • Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld


(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)

Zurück

Rue Luc Bonblet9
L- 6582 Rosport-Mompach
Ihr Ansprechpartner
Service Recrutement
Telefon +352 49 53 46-1

Zurück

Haben Sie sich auf diese Stelle beworben?

Aide-cuisinier (M/W/NB) - Maison Relais Rouspert/Mompech bei Arcus

Zurück

Zum Seitenanfang springen
Bewerben