Administrative Mataarbechter/Sekretär (m/f/x), CDD remplacement, 20 St./W.

Fondation Autisme Luxembourg
Arbeitsort: 8310 Capellen
Stellenart: Befristeter Arbeitsvertrag
Kategorie: Administration/Sekretariat

Zurück

D’Fondation Autisme Luxembourg engagéiert fir seng Siten zu Capellen, Rammerech a Munzen een

administrative Mataarbechter/Sekretär (m/f/x), CDD remplacement, 20 St./W.

Är Aufgaben :

  • Administrativ Aarbeschten, wéi d’Schreiwe vu Bréiwer, d’Festleeë vun Rendez-vousen, Telefonater, etc.
  • Administrativ Gestioun vum Courrier a vun den Dossieren


Äre Profil :

  • Diplôme de fin d’études secondaires techniques, régime technique, orientation secrétariat
  • Erfarung am Beräich vum Sekretariat ass vu Virdeel
  • Gutt Maîtrise vum Microsoft Office
  • Gutt Maîtrise vun den 3 Landessproochen : Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch
  • Gutt redaktionnell Fäegkeeten, gudden Organisatiounssënn
  • Flexibilitéit, Verantwortungsbewosstsinn, Grëndlechkeet, Dynamismus
  • Equipegeescht a Kooperatiounsfähegkeet
  • Führerschäin an Auto zur Verfügung

D’Kandidaturen, déi dësem Profil net entspriechen, kënnen net traitéiert ginn. Well de Mataarbechter (m/f/x) op deene verschiddene Site schaffe wäert, biede mer Iech w.e.g. nëmmen ze postuléieren wann Dir flexibel sidd.

Mir bidden :

  • Eng villsäiteg, autonom a verantwortungsvoll Aarbescht an engem sech ëmmer weiderentwéckelndem Kontext
  • Eng agreabel Aarbeschtsambiance an enger jonker, dynamescher Equipe

Mir akzeptéieren och Stagiairen a Bénévolen.

D’Bulletins 3 a 5 vum Casier judiciaire sinn der Kandidatur bäizefügen.

Mir bieden Iech direkt op eisem Internetsite : www.fal.lu, an der Rubrik “Employeur”, ze postuléieren.

Zurück

68, route d'Arlon
8310 Capellen
Ihr Ansprechpartner
Martine Weber
Telefon +352 26 91 11 1

Zurück