2 Chefs de Service Soins adjoint (m/w/d) 40 St/W CDI

Elisabeth
Arbeitsort: 6831 Berbourg
Stellenart: Festanstellung Vollzeit
Kategorie: Altenpflege
Chiffre: Haaptmann's Schlass Berbuerg

Zurück

Är Aufgaben:

-    Ënnerstëtzung vum Chef de Service bei der Leedung vum Wunnberäich duerch eng direkt a praxisno Presenz am Alldag.
-    Sécherstelle vun enger héichwäerteger Betreiung a Fleeg vun eise Bewunner am Aklang mat eisem Konzept „Liewenswelte schafen“.
-    Zesummenaarbecht mam Chef de Service fir eng effizient an harmonesch Gestioun vum Wunnberaich a fir déi praktesch Ëmsetzung vun den institutionelle Virgaben am Déngscht vun eise Bewunner.
-    Mat den aaneren Chefs de Service adjoints, de Chefs de service an de Responsabel telefonesch Astreinten garantéieren.


Chargen am Allgemengen:


-    Matverantwortlech fir d’Qualitéit an d’Sécherheet vun der Fleegleeschtung am Wunnberaich
-    Ëmsetze vun den intern definéierte Standarden a Qualitéitskriterien
-    Matorganiséieren an evaluéieren vun Aarbechtsofleef am Team
-    Aktivt matschaffen un der Weiderentwécklung vum Wunnberäich a senger Qualitéit
-    Matkoordinatioun bei Audits an Qualitéitskontrollen


Chargen bezunn op d’Bewunner:


-    Sécherstellen vun enger individueller, respektvoller an qualitativ héichwäerteger Fleeg
-    Zesummeschaffe mam CDS a mat dem multidisziplinäre Team fir d’Bedürfnisser vun de Bewunner ze erfëllen
-    Uspriechpartner sinn am Alldag, besonnesch a komplexe Betreiungssituatiounen
-    Mataarbecht un der Palliativbetreiung a Begleedung an der leschter Liewensphas


Chargen bezunn op d’Mataarbechter:


-    Praxisanleitung vu neie Mataarbechter a Schüler
-    Kulttivéiere vun engem positiven Aarbechtsklima duerch Begleedung, Coaching a kollegialen Austausch
-    Matorganiséieren vu Reuniounen a Briefingen
-    Ënnerstëtzung beim Transfert vun Informatiounen an Dokumentatioun am Team
-    Matidentifizéiere vum Formatiounsbedarf


Besonnesch Aspekter vum Posten:


-    50% aktiv Matfleege an 50% stellvertriedend Chargen
-    Flexibel Präsenz je no Besoin vum Service
-    Vertriedung vum Chef de service
-    Matverantwortung fir d’Sécherstelle vun enger kontinuéierlecher Versuergung bei Absence vum CDS
-    Aarbecht an enker Zesummenaarbecht mam CDS a mat der Direktioun

 

Äre Profil:

-    Ofgeschlosse Formatioun als Infirmier oder Aide-Soignant, mam Wonsch an der Leedung aktiv matzeschaffen
-    Bereetschaft sech de Mataarbechter géigeniwwer virbildlech ze verhalen, och wann een am Team matschafft
-    Bereetschaft, Verantwortung ze iwwerhuelen an Innovatiounen matzedroen
-    Beruffserfahrung an der Fleeg, idealerweis an engem geriatresche Kontext
-    Teamplayer mat natierlecher Autoritéit, Empathie a Kommunikatiounsfäegkeeten
-    Kenntnisser a Qualitéitsmanagement (oder Wëllen, se ze entwéckelen)
-    Erfahrung an enger leedender Funktioun ass e Virdeel
-    Sproochekenntnisser: Daitsch mat der Bereetschaft Lëtzeboiesch ze leieren (Niveau B1)

 

Mir bidden:


-    40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
-    Dës Plazen faalen ënnert den SAS-Kollektivvertrag

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

-   Droit d’exercer
-   Casier judiciaire no 4
-   Führerschäin Klass B
-    Eischt Hëllefscours


Delai fir d’Kandidatur: 12.6.2025

Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Zurück

Haaptmann's Schlass Berbuerg
4 Brucherstrooss
6831 Berbourg
Ihr Ansprechpartner
Yves Morby
Telefon +3527108311

Zurück

Haben Sie sich auf diese Stelle beworben?

2 Chefs de Service Soins adjoint (m/w/d) 40 St/W CDI bei Haaptmann's Schlass Berbuerg

Zurück

Zum Seitenanfang springen
Bewerben