Caritas Jeunes et Familles ass eng Associatioun, déi zanter méi wéi 37 Joer besteet an iwwert 700 Mataarbechter huet.
Eis Missioun ass, d'Zukunft vun Äre Jonken a Kanner zesummen ze bauen. Mir si Member vun der Bientraitance a.s.b.l. Dat heescht, datt eis Handlungen, Projeten a berufflech Haltungen Deel vun enger Kultur an engem Ëmfeld sinn, wou Solidaritéit a Bienveillance hier Platz hun.
Eis Mataarbechter schaffen all Dag am Kanner-, Jugend- a Familljesecteur, fir d‘Beneficiairen an hirem Liewen z'ënnerstëtzen, egal wéi eng Bedierfnisser se hunn oder wéi e Wee se huelen.
Fir eis Ekipp vum Service Dys-positiv ze verstäerke, siche mir eisen zukünftege motivéierte Mataarbechter.
RESPONSABILITÉITEN
Profil:
- Am Besëtz vun engem unerkannten Diplom sinn ;
- Praktesch Erfarung an der Diagnostik an der Therapie am Beräich vun den Troubles de l’apprentissage ;
- Erfarung an der Leedung vu Gruppe vun Kanner mat Léierschwieregkeeten ;
- Erfarung an der Elterenaarbecht ;
- Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen ;
- Sënn vu Verantwortung a vun Organisatioun ;
- Equippegeescht ;
- Flexibel an de Schaffzäite sinn ;
- B-Führerschäin.
Mir bidden dir en Ëmfeld wou Solidaritéit an Bienveillance hier Platz hun.
D’Leit ginn nom Kollektivvertrag CCT-SAS vum soziale Secteur bezuelt (carrière C7 maximum).
Eng éischt Selektioun gëtt op Grond vun den Dossiere gemaach.
Een Extrait vum Casier judiciaire (bulletins n°3, 4 an 5) gëtt am Fall vun enger Astellung gefrot.
Fir méi Informatiouen iwwer eis Aktivitéit, besiocht eis Websäit : cjf.lu