Op der Schock, société coopérative stellt an:
1 Keramiker (m/f/n), CDI 40 St./Woch fir eisen Keramikatelier zu Réiden
Missioun:
- Leedung vun engem Grupp vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Beräich vun der Keramik
- Zesumme mat hinnen am Keramikatelier flott Géigestänn aus Leem hierstellen, déi duerno an eisem Buttik verkaft gi: z.b. Cache-pot’en, Dekoartikelen, Schosselen asw.
- Ënnerstëtzung bei der Ausféierung vun den Aarbechten,
- Dépistage a Förderung vun de Fähegkeeten an Interesse vu Mënsche mat intellektueller Beanträchtegung am Beräich Keramik an Dekoartikel
- Förderung vun der alldeeglecher Selbstännegkeet an de Sozialkompetenzen
- Iddien zu Produktiounen a Projet’en mat abréngen
- Produktiounen un d’Kompetenzen vun de betreite Mataarbechter upassen
- Berodung vu Client’en
Qualifikatioun a Kompetenzen:
- Keramiker mat excellenten Kentnisser an der Verarbeschtung vu Lehm (Ausbildung als Keramiker, Bachelor Werkstofftechnik Glas und Keramik, o.ä) an Loscht sech an d’Aarbescht mat Menschen mat intellektueller Beanträchtegung eranzeschaffen
- Freed an Engagement an der Zesummenaarbecht mat Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Eng respektvoll, léisungsorentéiert a wohlwollend Haltung an der Aarbecht
- Kapabel autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
- Kreativitéit
- Humor, Flexibilitéit an Teamfähegkeet
- Loscht sech an engem Team ze engagéiren
Konditiounen:
- Salaire a Conditioune vum CCT SAS
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Führerschäin B
- Well dir mat Mënsche mat enger Behënnerung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
- Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:
Op der Schock
Ressources humaines
B.P.10
L-8501 Redange
Oder per E-Mail un: [email protected]
Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach. Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren. Tel: 00352 26 62 18 81 E-mail: [email protected]
34A Route de Reichlange
L-8508 Redange / Attert
Ihr Ansprechpartner
Nathalie Jacques
Telefon
+352 26 62 18 81