1 Kach/Traiteur (m/f/n), CDI 40 St./Woch

Op der Schock
Arbeitsort: Redange/Attert
Stellenart: Festanstellung Vollzeit
Kategorie: Resto & Cafeteria
Chiffre: COOP202501

Zurück

Op der Schock, société coopérative stellt an[NF1] :

1 zousätzleche Kach/Traiteur (m/f/n), CDI 40 St./Woch fir eisen Kichenatelier zu Réiden – REF: COOP202501

Missioun:

  • Encadrement a Leedung vun enger Equip vu Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung am Kicheberäich
  • Zesummen mat der Equip di verschidde Produktiounen an Arbechten an der Kichen fachgerecht duerchféieren
  • Qualitéit vun de Produit‘en an Ëmsetzen vun den Normen HACCP garantéieren
  • Nei Produit’en matentwéckelen

Qualifikatioun a Kompetenzen:

  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Kach/Traiteur oder Beruffserfahrung am Beräich am Kicheberäich an gutt Basiskenntnisser vun dëser Arbecht
  • Beherrschen vun den HACCP Normen
  • Kreativitéit a Freed qualitativ héichwäerteg Produit’en hierzestellen
  • Eng respektvoll, léisungsorientéiert a wohlwollend Haltung an der Aarbecht
  • Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
  • Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
  • Humor, Flexibilitéit an Teamfäegkeet
  • Loscht, sech an engem engagéierten Team matzeschaffen

Konditiounen:

  • Salaire a Conditioune vum CCT SAS
  • Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
  • Führerschäin B
  • Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
  • Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:

Op der Schock

Ressources humaines

B.P.10

L-8501 Redange

Oder per E-Mail un: [email protected]

Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach

Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren. Tel: 26 62 18 81   E-mail: [email protected]


[NF1]Ech géif fir d’Kichen di 2 Annoncen (1 Coordinateur an een zousätzleche Kach) regroupéieren, an driwwer schreiwen: «Mir bauen eise Kicheberäich aus, dofir siche mir:

Zurück

34A Route de Reichlange
L-8508 Redange / Attert
Ihr Ansprechpartner
Nathalie Jacques

Zurück

Online bewerben

Bitte addieren Sie 2 und 7.

Zurück

Zum Seitenanfang springen
Bewerben