Op der Schock, société coopérative stellt an:
1 Encadrant fir eisen neien Atelier „Inklusiven Tourismus a liicht Sprooch“, CDI 40 St./Woch fir eisen Atelier d’inclusion professionnelle zu Réiden – REF: COOP202504
Missioun:
- Iwwersetzen vun Texter an d‘ liicht Sprooch
- Leeden vun eise Préiwgruppen vu Mënsche mat besonnesche Bedierfnisser:
- déi Texter an der liichter Sprooch préiwen an upassen
- déi touristesch Angeboter testen a Virschléi maache wéi des kënne méi inklusiv gestallt ginn - Projeten am inklusiven Tourismus mat ausschaffen
- Austausch mam Client
- Austausch an de Netzwierker vum Tourismus an / oder der liichter Sprooch
Qualifikatioun a Kompetenzen:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom am pädagogesche Beräich (Pädagog, Heilpädagog, Sozialpädagog, Erzéier mat Beruffserfahrung an der Begleedung vu mat Mënsche mat intellektueller Beanträchtegung o.ä.)
- Loscht sech an de Beräich vum inklusiven Tourismus eranzeschaffen
- Kenntnisser vun der liichter Sprooch, respektiv Loscht sech an dee Beräich anzeschaffen
- Freed an Engagement an der Aarbecht
- Eng respektvoll, léisungsorientéiert a wohlwollend Haltung an der Aarbecht
- Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
- Humor, Flexibilitéit an Teamfäegkeet
- Gutt PC-Kenntnisser
Konditiounen:
- CDI
- Salaire a Konditioune vum CCT SAS
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Führerschäin B
- Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
- Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:
Op der Schock
Ressources humaines
B.P.10
L-8501 Redange
Oder per E-Mail un: [email protected]
Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach. Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren. Tel: 26 62 18 81 E-mail: [email protected]

34a, route de Reichlange
8508 Redange/Attert
Ihr Ansprechpartner
Nathalie Jacques
Telefon
+352 26 62 18 81