Den OSCARE ass 1 vun den 30 Offices sociaux, déi zënter 2011 nei opgestallt sinn. D’Gesetz vun der Aide sociale gëtt all Persoun e Recht op Sozialhëllef, gebonnen u Pflichten an och eng Recoursméiglechkeet*. D‘Ekipp vum OSCARE ass iwwer déi leschte Jore vill gewuess, genau wéi seng Missiounen.
Wat sinn d’Haaptmissioune vum OSCARE?
Mir informéieren, beroden a betreien hëllefsbedürfteg Persounen, orientéiere se, wann néideg, un déi richteg Servicer a bidde subsidiär finanziell a materiell Hëllefe souwéi sozial Begleedmoossnamen un.
Eis Hëllef ass op déi spezifesch Situatioun vun all Persoun ugepasst a baséiert op enger genauer Evaluatioun. Dës Hëllef ka kuerz- bis laangfristeg sinn. Mir schaffe just op Demande, mir huelen d’Persoun do of wou si steet. Mir hu keng Kontrollfunktioun, mee ënnerstëtzen.
Wat ass Äert Zil?
Eis Beneficiaire sollen e mënschewierdegt Liewe kënne féieren an nees autonom ginn.
Wéi vill Stéit hëlleft den OSCARE?
2024 hu mir 586 Stéit am Kanton begleet. D’Dossiere si ganz ënnerschiddlech, jee no Gréisst vum Stot a Problematik.