Scho säit iwwer 30 Joer gëtt et an deenen 2 Nordstadgemengen Dikrich an Ettelbréck Jugendaarbecht geleescht, aus där dann och déi 2 Jugendhaiser Ettelbréck an Dikrich entstane sinn. 2006 gëtt d’Jugendaarbecht op regionalem Plang ausgebreet an d’Nordstadjugend a.s.b.l. gëtt gegrënnt mam Ziel Jugendaarbecht an deene 6 Nordstadgemengen (Bettenduerf, Colmar-Bierg, Dikrich, Ettelbréck, Ierpeldeng a Schieren) ze garantéieren.
2013 schléissen sech d’Gemengen Feelen a Mäerzeg der Nordstadjugend un, 2016 kënnt Beefort an 2019 Buurschent mat dobäi. Eng weider Vergréisserung stoung 2022 um Programm mat der Aerenzdallgemeng an der Gemeng Noumer. Seit 2024 sinn dann och d’Gemenge Reisduerf a Waldbëlleg als Partner dobäi. Am Juli 2025 ass d’Gemeng Bissen dobäikomm.
Soumat schaffe mir mëttlerweil mat 15 Partnergemengen zesummen.
Net nëmmen op der Landkaart huet sech d’Nordstadjugend - NOJU vergréissert, och an den Déngschtleeschtungsberäicher koumen Offeren dobäi.
Nieft der regionaler Jugendaarbecht, an de Jugendhaiser Dikrich an Ettelbréck an der Koordinatioun vun deenen vereenzelte Beräicher, koum am Joer 2015 de Service "Jugendwunnen" dobäi, dee Jonken am Alter tëscht 18 a 26 Joer a Wunngsnot zur Hand goe soll, an insgesamt iwert 35 Zëmmere verfügt.
2023 mécht ënnert dem Regionalen Jugendservice e weideren Service vun der NOJU seng Dieren op: de Jugendinfopunkt "JIP" zu Ettelbréck. Am JIP ka sëch all Jonken tëscht 12 an 30 Joer iwwer folgend Themen informéieren: Bildung, Aarbecht, Engagement, Wunnen, Gesondheet an Alldag.
Och de Service "Outreach" start 2023 mam Zil, Jonken Zougang zu Servicer ze ginn, déi hir Liewenssituatioun verbesseren. Mam Bäitrëtt vun der Gemeng Bissen ass dann och d’Bisser Jugendhaus an en neie Service vun der NOJU.
Nieft de Raimlechkeeten, der alldeeglecher Betreiung a Berodung, der Ulaafstell, déi deene Jonken an den 3 Jugendhaiser zur Verfügung stinn, ginn an der Regioun iwwert d’Joer verschidde Projet’en, Aktivitéiten a Workshoppe zu deenen ënnerschiddlechsten Themen ugebueden (Kultur, Sport, Präventioun, Informatioun,...).
Aktuell schaffen 24 qualifizéiert Mataarbechter fir d’NOJU.