ee graduéierten Erzéier (w/m/x) - Service EVA

APEMH
Localité . Bettange-sur-Mess
Type de poste Durée déterminée Temps partiel
Catégorie Educateur

Retour

D’APEMH, Associatioun am Déngscht vu Leit mat enger intellektueller Beanträchtegung an hir Familljen, sicht fir de Service EVA - Liewensschoul, ee graduéierten Erzéier /Bachelor en sciences humaines et sociales (w/m/x), fir ee CDD - 30 Stonnen/Woch fir direkt oder no Ofsprooch an dësst bis den 15.04.2025.


Wann den Posten hei ënnendrënner Iech interesséiert, zéckt net eis Är vollstänneg Kandidatur eran ze schécken (Kopie vum Diplom, CV, Motivatiounsbréif, ...).


Am Fall vun enger Astellung, gëtt een Extrait vum Casier judiciaire gefrot.

  


RESPONSABILITÉITEN

  • Realisatioun vu Coachings (individuelt Léieren) fir d’Entwécklungsziler an d’Selbstbestëmmung vu Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung z’ennerstëtzen. 
  • Opbau & Realisatioun vun Workshops (Léieren am Grupp) en Co-Produktioun mat den Equipen, de Partner an de Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung.
  • Ausschaffen vu pädagogëschen Outilen fir d‘Léierprozesser z’ennerstëtzen & ze vereinfachen.
  • Matwierken um Projet SMILE (Soziale Medien Irgendwie Leicht Erklärt) iwwert d’Realisatioun vu Podcasten, Workshops & Echangen zum Thema „soziale Medien“.

 


OBLIGATORESCH UFUERDERUNGEN

D’Kandidate sollen:

  • am Besëtz vun engem zu Lëtzebuerg ausgestallten oder unerkannten Diplom sinn
  • iwwert Flexibilitéit, Motivatioun an Eegeninitiativ verfügen
  • eegestänneg an organiséiert schaffe kënnen
  • déi lëtzebuergesch, franséisch an däitsch Sprooch beherrschen
  • de Führerschäin Klass B hunn

 


WËNSCHENSWÄERT UFUERDERUNGEN

Erfarung an der Aarbecht zesumme mat Léit mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel.


 

MIR BIDDEN

  • attraktiv, op dem CCT-SAS Kollektivvertrag baséierend Aarbechtsbedéngungen.
  • en op Vertrauen a Respekt berouend Aarbechtsëmfeld, mat dem Zil vun der Entwécklung an der konstanter Verbesserung vun der Qualitéit esouwuel vun eiser Aarbecht ewéi vun der Begleedung vun Persoune mat enger Beanträchtegung.

Retour

..
. Bettange-sur-Mess
Contact
Audrey Grebil
Téléphone +352 37 91 91-1

Retour